Thursday 04 July 2024
Font Size
   
Tuesday, 09 March 2010 00:00

Keng weider Uelegkatatrof am Golf vu Mexiko

Et géif, entgéint éischte Prognose, keng Hiwäiser op en Uelegschleier am Mier ginn, sou de Kapitän Peter Troedsson vun der US-Küstewuecht. Helikopteren a Schëffer hätte keen Austrëtt vun Ueleg feststelle kënnen. Ma d'Küstewuecht géif d'Situatioun weider am Aan behalen. D'Feier op der Uelegplattform, ronn 160 Kilometer südlech vun der Küst vum US-Bundesstaat Louisiana, wier mëttlerweil geläscht ginn.

Och wann et dës Kéier relativ gutt ausgaang ass, huet de Virfall, nëmme

véier Méint nom katastrofalen Ënnergank vun de BP-Uelegplattform “Depwater Horizon”, op e neitst fir hefteg Kritik un der Ueleg- a Gasindustrie gesuergt.

D'Bedreiwergesellschaft vun der Plattform, déi zu Texas usässeg Firma Mariner Energy, huet iwwerdeems erkläert, et géif keng Unzeeche fir eng weider Ëmweltkatastrof ginn. Iwwert d'Plattform ginn all Dag 1.400 Barrel Ueleg a méi wéi 250.000 Kubikmeter Gas gefördert. Zum Zäitpunkt vum Ongléck wier awer keen Ueleg gefördert ginn.

D'Küstewuecht hat ursprénglech, mat der Confirmatioun duerch Aarbechter vun der Plattform,  vun engem Uelegschleier geschwat. Sämtlech 13 Aarbechter hate sech mat engem Sprong an d'Waasser gerett a konnten u Land bruecht ginn. Hiren Aussoe no, ass et hinne nach virun der Explosioun gelongen, d'Förderlach zou ze maachen.

Dat Wäisst Haus huet ugekënnengt, d'Situatioun ganz genee ze beobachten. Wann et Berichter iwwert eng Verschmotzung géife ginn, géifen direkt noutwenneg Moossnamen ageleet ginn, sou e Spriecher vum US-President Barack Obama, Robert Gibbs. D'Ëmweltorganisatioun Greenpeace reagéiert alarméiert op dëse neie Virfall. “Wéi vill Kéiere soll nach mat mënschleche Liewen  an der Wirtschaft an dem Ökosystemer gespillt ginn?” freet de Mieresexpert vu Greenpeace an den ZSA, Joh Hocevar. “Et ass Zäit, dass mir aus Feeler léieren”. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn