Sunday 30 June 2024
Font Size
   
Tuesday, 09 March 2010 00:00

Iwwer 240 Frae bei Massenvergewaltegunge behandelt

Mëttlerweil wieren an der Provënz Nord-Kivu 242 vergewaltegt Frae medezinesch behandelt ginn, sou den Dokter Cris Baguma vun der US-Medezinorganisatioun IMC. Den Donnéeë vun engem Amtsvertrieder no, si bannent nëmme véier Deeg, tëscht Enn Juli an Uganks August, bal 390 Fraen Affer vu Vergewaltegunge ginn. Uschléissend hätte sech d'ruandesch Hutu-REbellen an eenheemesch Milizen zeréckgezunn.

Och d'Hëllefsorganisatioun IMC mécht d'Rebelle vun de Demokratescher Republik fir d'Befreiung vum Ruanda an de lokale

Milizen fir d'Vergewaltegunge responsabel. Den Donnéeë no, wieren déi meescht Iwwergrëff zu Luvungi, enger Uertschaft mat ronn 2.200 Awunner, an den ëmleienden Dierfer geschitt. D'Ugräifer sinn dovun ausgaang, dass d'Frae Gold tëscht de Been verstoppt haten.

Och viru schwangere Fraen a jonke Mammen  hätten d'Ugräife net zeréckgeschreckt. Vill Frae wiere virun de Ae vun hire Männer vergewaltegt ginn, erkläert den zentralafrikaneschen Dokter. D'Vergewaltegungsaffer waren deemno tëscht 16 a 75 Joer al. Et wier gutt méiglech, dass d'Zuel vu betraffen Affer weider klëmmt, vill vun hinnen hätte sech zum Beispill net medezinesch behandele gelooss. Donieft wiere nach net sämtlech Gesondheetszentren vun der Regioun zu weidere Fäll befrot ginn. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn