Sunday 30 June 2024
Font Size
   
Tuesday, 09 March 2010 00:00

Lëtzebuerg muss sech fir d'EM-Qualifikatioun beweisen

Eng weider Ronn an der Quaifikatiounsphase fir d'Europameeschterschaft 2012 a Polen an , an der Ukraine, steet dann och zu Lëtzebuerg um Programm. E Freidenowend  musse sech deemno eis rout Léiwe géint Bosnien-Herzegowina am Stade Josy Barthel ënner Beweis stellen. Lëtzebuerg muss bannent de Qualifikatiounsronne fir d'EM an der Grupp D géint Bosnien-Herzegowina, Albanien, Wäissrussland, Frankräich a Rumänien untrieden.

Ma elo schonn zitt dëse Match sämtlech Opmierksamkeet op sech a verdrängt souguer e

bësse vun der Spannung op zukënfteg wichteg Matcher, zum Beispill géint den deemolege Welt- an Europameeschter Frankräich (den 12. Oktober zu Metz an den 25. Mäerz 2011 zu Lëtzebuerg). Net ouni Grond, fënnt dach en albekannten an deemolege lëtzebuerger Nowuessnationalspiller säi Wee zeréck a säin Heemechtsland, de Miralem Pjanic.

Fir eng éischte Kéier an der Carrière vum jonke Fussballtalent, kënnt de Miralem Pjanic mat der bosnescher Nationaléquipe op Lëtzebuerg an trëtt domat géint dat Land un, an deem hien opgewuess ass a geléiert huet Fussball ze spillen.

D'Lännerspill ass awer och nach aus engem anere Grond mat vill Opmierksamkeet an uecht ze huelen, schliisslech ass et och den éischten offizielle Rendezvous vum neie Nationaltrainer Luc Holtz. Hien war ganz onerwaart, nom iwwerraschenden Récktrëtt vu sengem Virgänger Guy Hellers, vun der FLF beoptraagt ginn. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn