Monday 01 July 2024
Font Size
   
Wednesday, 09 June 2010 00:00

No enger Woch an den Alpen erëmfonnt

D'Michèle Riotton aus Frankräich huet sech eng Woch laang vu Kichelcher, déi an hirer Jackettstäsch warem, a vu Reewaasser ernährt. “Elo geet et duer! Ech ka Bëscher net méi gesinn an ech wëll elo an d'Altersheem”, sou déi eeler Damm no hirer Rettung am Spidol zu Thonon-les-Bains an de franséischen Alpen.

Si ka sech nach erënneren, wéi si en Ofhang erofgerutscht ass an dann ageschlof wier. Si war am Virfeld vun hirem Heemechtsduerf Armoy, den 29. August op en Trëppeltour an de Bësch

gaang. No hirer Chute huet d'Fra, nëmme mat enger liichter Jackette bekleed, ganzer sechs Nuechten am fräie verbruecht. “Ech hat keng Angscht”, sou d'Michèle Riotton, “virun allem hunn ech dru geduecht, dass meng Kanner an Enkelkanner sech bestëmmt immens Suerge gemaach hunn”.

Nodeems d'Fra net Heem komm war, ass zwee Deeg laang mat engem Helikopter no hir gesicht ginn, ouni Succès. Eng weider Sich e Samschden huet d'Retter schliisslech zu de Fra gefouert, déi an engem Koup Blieder, grad mol 700 Meter vun hirem Doheem ewech loung.

Ausser e puer bloe Flecker a Waassermangel, huet d'Fra keng gréisser Verletzungen opgewisen. “Ganz éierlech hate mir scho keng Hoffnung méi, so nach lieweg ze fannen”, sou hire Noper Patrice Frossard, “awer mir wollten d'Famill och net am Stach loossen”. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn