Monday 01 July 2024
Font Size
   
Thursday, 01 January 1970 02:00

Däitsch a franséisch Staatsbierger sollen d'Elfenbeinküste verloossen

Frankräich huet recommandéiert, datt déi restlech 15.000 franséisch Staatsbierger 'd'Elfenbeinküst zäitweileg verloossen bis d'Situatioun sech normaliséiert huet', sot de Regierungsspriecher François Baron um Mëttwoch. D'Moossnam soll präventiv wierken well sech déi politesch Kris verschlëmmert huet. 'D'Auslänner sinn nach net bedrot ginn, mä et ass néideg, virsiichteg ze sinn'.

Den däitschen

Ausseministere empfielt och den däitsche Staatsbierger, datt si déi betraffe Regioun verloossen a warnt Aneren géint d'Reesen op d'Elfenbeinküst. D'Situatioun géif sech op enger 'onberechenbarer Art a Weis' entwéckelen.

Dat westafrikanescht Land ass vun déidlechen Ausernanersetzunge schwéier betraff well de virherrschende Laurent Gbagbo a säin Opponent Alassane Ouattara allen zwee behaapten, d'Presidentewahl vum 28. November 2010 gewonnen ze hunn.

Um Dënschdeg huet de Gbagbo erëm insistéiert, datt hien de richtege President ass. Seng Rivale refuséiere mat him ze diskutéieren. De 65-järege Machthaber huet d'Vereente Natiounen beschëllegt, Krich mat senge Leit ze maachen an huet insistéiert, datt di franséisch an UNO Zaldoten d'Land verloosse mussen.

D'Vereente Natiounen haten d'Presidentewahl vum November iwwersinn, mä dem Gbagbo seng Alliéierten hunn d'Resultater niddergeschloen well si der Meenung waren, do wieren Onregelméissegkeeten gewiescht.

Di amerikanesch Regierung huet um Dënschdeg annoncéiert, datt si e Reesverbuet fir Dosende vu Gbagbo-Ënnerstëtzer ageféiert hunn. Den UNO Sécherheetsrot huet de Gbagbo viru Sanktioune gewarnt, wann hie weider refuséiert zeréckzetrieden.

Den Angaben vun der UNO no verweilt d'Elfenbeinküst an engem politesche Chaos an deem Morden an aner Mëssbrauchen wäit verbreet sinn.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn