An enger News352 Video-Ëmfro hu mir erausfonnt, wat d'Leit am léifste geschenkt kréien an natierlech wat se guer net gären hunn. Ënnerwäsch, eng Zännbiischt, e Kondom... Dëst hu verschidde Leit zu der Fro 'Wat ass de schlechste Chrëschtcadeau deen ee kréie kann?' geäntwert.
D'Äntwerten ware ganz ënnerschiddlech an heiansdo och zimlech ongewéinlech. Am grousse ganze sinn d'Klassiker - z.B. langweileg
Ploveren, Kleeder déi net passen, Strëmp an Ënnerwäsch - onbeléift. E Laptop, en Handy, en iPod oder Suen ginn ëmmer appreciéiert. Dobäi hu si eis och erzielt, wat si dëst Joer hire Famillen a Frënn schenken.
Wann dir nach Iddie fir Chrëschtdagscadeaue braucht, dann gutt oppassen.