Monday 01 July 2024
Font Size
   
Thursday, 01 January 1970 02:00

Spuenien: Chrëschtlotterie 'El Gordo' suergt landeswäit fir Freed

Den Top-Präiss 'El Gordo' oder 'Den Décken' ass un d'Besëtzer vum Ticket Nummer 79250 gaangen.

D'Nummer 79250 erschéngt op 1,950 Ticketen, wat jeeweils e Gewënn vun 300.000 Euro bedeit. D'Gewënner-Ticketë sinn haaptsächlech zu Barcelona verkaf ginn, mä Madrid an Alicante hunn och gutt matgefeiert.

'Ech hunn nach ni esou vill a mengem Liewe gekrasch wéi haut' sot de Jose Antonio Maldonado, Besëtzer vun enger Bar zu Palleja, bei Barcelona, dee 600 vun de

Gewënner-Ticketen u seng Cliente verkaf huet. 'Ech weess dat vill Leit an der Kris ënnergaange sinn a si hunn d'Lotterie a menger Bar gewonnen. Ech fille mech wéi Robin Hood'.

Spuenien huet eng Aarbechtslosegkeet vun ongeféier 20 Prozent, déi héchst Quote an der EU.

Déi spuenesch Chrëschtlotterie ass e jäerlecht Ritual fir vill Leit a Famillen. D'Tickete kaschten 20 Euro a ginn ab Juli verkaf. Mataarbechter, Kollegen a Famille a ganz Spuenien kafe se oft zesummen.

D'Nummer, déi den Datum vum spuenesche Gewënn an der Foussball WM um 11. Juli – 11710 – representéiert, war am beléifsten. Aner beléift Datumer waren déi vum Poopst Benedict XVI senger Visit am November – 61110 a 71110.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn