Monday 01 July 2024
Font Size
   
Thursday, 01 January 1970 02:00

Zeienopruff: Déifstall an Ugrëff

Um Mëttwochowend géint 18.00 Auer ass et zu Kënzeg (Clemency) an der Rue de la Chapelles zu engem Abroch an engem Haus komm. Zwee Männer, déi mat Balaklaven hir Gesiichter verstoppt hunn a giel-grénglech Warn-Vesten unhaten, si gewaltsam an eng Wunneng agebrach.

Si hunn d'Awunnerin mat engem Schrauwenzéier bedrot a liicht verletzt. Beim Iwwerfall hunn d'Täter eng gréisser Geldzomm geklaut, déi aus Euro-Mënze besteet.

D'Police mengt, et hätt wahrscheinlech en drëtten Täter virum Haus an engem Auto gewaart.

Et gëtt no Zeie gesicht, déi um Mëttwochowend géint 18.00 Auer an der Rue de la Chapelle zu Kënzeg eng verdächteg Persoun an Auto gesinn hunn oder soss iergendeng Beobachtung déi mam Virfall zesummenhänke kéint. All Informatioun ass fir den 113.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn