Wednesday 09 October 2024
Font Size
   
Friday, 01 April 2011 00:00

D'Grippe huet Epidemie-Status erreecht

An der leschter Woch vun 2010 hunn d'Dokteren vun der LNS festgestallt, datt 5% vun de Patienten Grippe-Symptomer haten. Dëst weist, datt d'Krankheet den Epidemie-Status erreecht huet. 'D'Epidemie huet eréischt ugefangen, mä dat ass näischt ongewéinleches' huet de Joël Mossong vum LNS zu News352.lu gesot. D'Keelt vum Wanter géif d'Existenz an d'Transmissioun vum Virus ënnerstëtzen.

Zu Lëtzebuerg goufe 15

konfirméiert Fäll vun der Grippe A/H1N1 an dräi Fäll vum Typ B lescht Woch registréiert. Mä dat wier kee Grond fir Opreegung, sou de Joël Mossong. 'Lescht Joer goufen et vill Froen zum Virus an d'Immunitéit war nach net richteg entwéckelt... Elo wësse mir datt en en ähnleche Profil huet wéi e saisonale Virus a wäert sech normaliséieren'.

D'Vaccinatioun wier di eenzeg Barrière. 'De Virus vun der Gripp evoluéiert. Dëst bedeit datt eng Persoun, déi schon d'Grippe hat, net fir d'Liewen immuniséiert ass', spezifizéiert de Mossong, 'Et huet een nach Zäit fir sech vaccinéieren ze loossen well d'Epidemie nach etlech Wochen dauere wäert. D'Immunisatioun ass eréischt 15 Deeg no der Vaccinatioun effektiv, dat heescht elo ass d'Zäit fir se maachen ze loossen'.

Zu Lëtzebuerg sinn keng Doudesfäll duerch den A/H1N1 Virus gemellt ginn mä natierlech sinn präventiv Moossnamen ze beuechten. Der Welt Gesondheetsorganisatioun no soll een d'Hänn mat waarmem Waasser a mat Seef grëndlech wäschen, zemools nodeems een en ëffentleche Computer oder Telefon benotzt huet, an dat bis een zwee Mol d'Lidd 'Happy Birthday' gesongen huet. Wann een d'Hänn net gewäsch huet dann d'Fangeren vum Gesiicht loossen. An natierlech de Mond an d'Nues beim houschten an néitsche verdecken.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn