Scho virum Joreswiessel huet d'Changement fir e bëssen Opreegung gesuergt: Immatrikulatiounscertificaten déi virum 18. Dezember 2006 ausgestallt goufen hunn zënter dem 31. Dezember hir Gültegkeet verluer a mussen ausgetosch ginn (Mémorial A-no 190 vum 06.11.2006).
Wann en Autosfuerer bei enger Kontroll dat neit Dokument net weise kann, dann gëtt et eng Geldstrof vun 24 Euro. Allerdéngs gëtt dës Moossnam den Ament net ausgeféiert, sou
d'Police. D'Autosfuerer hunn bis den 1. Juli 2011 nach Zäit fir sech den neie Bestëmmungen unzepassen.