D'Vaccinatioun wier di eenzeg Barrière. 'De Virus vun der Gripp evoluéiert. Dëst bedeit datt eng Persoun, déi schon d'Gripp hat, net fir d'Liewen immuniséiert ass', spezifizéiert de Mossong, 'Et huet een nach Zäit fir sech vaccinéieren ze loossen well d'Epidemie nach etlech Wochen dauere wäert. D'Immunisatioun ass eréischt 15 Deeg no der Vaccinatioun effektiv, dat heescht elo ass d'Zäit fir se maachen ze loossen'.
Zu Lëtzebuerg sinn keng Doudesfäll duerch den A/H1N1 Virus gemellt ginn mä natierlech sinn präventiv Moossnamen ze beuechten. Der Welt Gesondheetsorganisatioun no soll een d'Hänn mat waarmem Waasser a mat Seef grëndlech wäschen, zemools nodeems een en ëffentleche Computer oder Telefon benotzt huet, an dat bis een zwee Mol d'Lidd 'Happy Birthday' gesongen huet. Wann een d'Hänn net gewäsch huet dann d'Fangeren vum Gesiicht loossen. An natierlech de Mond an d'Nues beim houschten an néitsche verdecken.
Envoyer cet article par emailAuthors: news352