De Juncker mengt och, datt de Blocher hien falsch verstanen huet a säin Kommentar am Interview mat der Zeitug 'Die Zeit' falsch zitéiert huet. 'Ech hunn net gesot, d'Schwäiz wier een 'Unding'. Ech hu gesot, op der kontinentaler Landkaart wier et en Unding, datt mir e wäisse Fleck hätten. A gläichzäiteg hunn ech gesot, dat wier eng Decisioun, déi d'Schwäiz ze huelen hätt. Ech hunn am Kader vun engem extrem Schwäiz-frëndlechen Interview och erkläert, et giff mir zu der Schwäiz näischt Negatives afalen, well et fält mir och näischt Negatives an', huet de Jean-Claude Juncker betount.
Um Mëttwoch, 12. Januar, fënnt dat Sträitgespréich mam Blocher zu Zürich statt.
Authors: news352