D'Fuerscher vun der englescher Universitéit Exeter hu matgedeelt, datt si kleng Satellitenempfänger u 25 weiblech Déieren am westafrikanesche Gabun befestegt hunn. D'Empfänger hunn hinnen erlaabt, di nächst fënnef Joer vum Migratiounswee vun der gréisster liewender Schildkrötenart ze verfollegen.
D'Zäitschrëft 'Proceedings B' huet d'Etude vun der Equipe vun Fuerscher Matthew Witt verëffentlecht. Si weist datt d'Schildkröten op
der Sich no Nahrungsquellen dräi Routen wielen: Eng féiert duerch dat kreesfërmegt Gebitt am Zentrum vum Atlantik tëscht Afrika a Brasilien, eng zweet féiert an de Süden vum Kap der Guten Hoffnung. Eng drëtt Route geet riicht iwwer den Atlantik bis op di südamerikanesch Küst – eng Rees vun iwwer 7560 Kilometer.
Firwat d'Schildkröten déi Routen wielen, ass nach onkloer.