Sunday 29 September 2024
Font Size
   
Thursday, 01 July 2010 00:00

Mann bei Iwwerschwemmunge verschwonnen

Op der Héicht vun Eppelduerf ass e 24-järege Mann an d'Waasser gefall a gouf vum Courant matgerappt. Hie war mat sengem Papp a mat sengem Brudder am gaangen eng beschiedegt Bréck, déi riskéiert huet d'Haus och ze beschiedegen, mat engem Trakter ze reparéieren. D'Männer hunn awer d'Gläichgewiicht verluer wou e grousst Stéck Holz op d'Breck gefall ass a sinn allen dräi an d'Waasser gefall. De Papp an de Brudder konnte sech nach retten mä de 24-Järegen ass am Waasser

verschwonnen.

''Eng sechzeg Persounen an Daucher hu sech direkt op d'Sich gemaach. Leider hate si kee Succès. D'Recherchë wäerte weidergoen. En Helikopter vun der Police flitt iwwer de Parameter' huet de Police-Spriecher Vic Reuter de Mueren zu News352.lu gesot.

D'Unité psychiatrique vun der Protection Civile leescht der Famill Ënnerstëtzung.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn