Eng Noriicht iwwer déi vläicht net jiddweree frou ass: De Schnéi kënnt gläich erëm.
Et ass liichte Schnéifall fir e Mëttwoch virgesinn an um Weekend soll et e puer Zentimeter dovunner ginn. D'Temperature solle gläich erëm op 0°C während dem Dag erofgoen an an der Nuecht fale se däitlech an de Minusberäich mat -5°C.
De Februar ass normalerweis de keelste Mount a
mir hunn d'Gefill, datt et mam Schnéichaos nach net ganz eriwwer ass.