Saturday 29 June 2024
Font Size
   
Thursday, 01 January 1970 02:00

Gréisst Mafia-Razzia an amerikanescher Geschicht zu New York

An enger Serie vu Razzien zu New York goufen iwwer 100 verdächtegt Mafiosi festgeholl, huet de Justizspriecher Eric Holder matgedeelt. D'Virwërf ëmfaassen ënner anerem Mord, Drogenhandel, Abroch, Erpressung, Fuerderung vu Schutzgeld, Déifstall an illegal Glécksspiller.

Iwwer 800 Beamte wieren am Asaz gewiescht an hätten insgesamt 127 Verdächteger festgeholl. Dorënner wier de Clanchef gewiescht. All di grouss 'Fënnef Famillen' vun der New Yorker Mafia wiere betraff.

Verschiddener gi wéinst 'sënnlose Morde' beschëllegt. Zwee Leit goufen an enger Bar alleng wéinst dem Sträit ëm en ëmgehäite Gedrénks erschoss. An engem anere Fall hätten d'Mafiosi d'Affer vun engem gescheiterten Iwwerfall kalbliddeg ëmbruecht. Donieft wieren et 'klassesch' Mafiamorde wéi 'd'Eliminéierung vu Rivalen' ginn. Aner Beschëllegungen ëmfaasse finanziell Verbriechen, virun allem an der Bau- an Hafenindustrie.

D'Mafiafamillen vun der italienescher Cosa Nostra hate fréier beträchtlech Deeler vun der Economie zu New York an Ëmgéigend infiltréiert. An deene vergaangene Joren hu si awer däitlech un Afloss verluer. Den Enquêteuren ass et elo vill méi einfach, Memberen zu Zeienaussoen ze beweegen an esou de Schweigekodex vun der Mafia ze briechen.

Doduerch ass et zu der Veruerteelung vu héichrangege Mafiosi komm, déi virdrun ëmmer der Justiz entkomm waren. Allerdéngs kommen am Plaz vun der New Yorker Mafia haaptsächlech organiséiert russesch, mexikanesch an asiatesch Gangs no.

Photo © AFP - Eric Holder um Donneschdeg zu New York

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn