Säit der Ouverture vun der Welt Expo am Mee hat se eng permanent Präsenz virum Lëtzebuerger Pavillon.
Dee vum Architekt François Valentiny kreéierte Lëtzebuerger Pavillon hat insgesamt 7 Millioune Visiteure.
Um 31. Oktober war d'Ausstellung eriwwer, an um 2. November gouf d'Statue an eng securiséiert Lagerhal zu Shanghai transportéiert.
Um 4. November gëtt se mat der Cargolux zeréck op Lëtzebuerg bruecht. Um 5. November soll se dann doheem ukommen.
Doropshin
bleift se provisoresch an enger Ausstellung zu Bascharage, bis se hir Plaz op der Place de la Constitution erëm ophëlt.
D'Zukunft vum Lëtzebuerger Pavillon ass nach net kloer. Et gouf proposéiert, d'Gebai der chinesescher Bevëlkerung als Don ze ginn oder ze vernichten.
Envoyer cet article par email