Et geet ëm eng vun de Kollegen vum weltberühmten Hello Kitty, en Hieschen wat Cathy heescht.
Zu Amsterdam ass dëst Woch décidéiert ginn, datt di japanesch Firma Sanrio Co hir Produktiounen a Ventë vu Cathy Produkter zu Lëtzebuerg, an Holland, an an der Belge stoppe muss.
D'Jugen hu fonnt, datt de japaneschen Hues ze vill dem hollännesche Charakter Miffy gläiche géif, an esou eng Copyright-Infraktioun verursaacht huet.
D'Firma Sanrio, déi zu Tokyo baséiert ass, war mat der Decisioun
immens onzefridden an huet Wëlles, eng Plainte anzereechen. De Fall war vun der Firma Mercis, de Copyright-Manager zoustänneg fir d'hollännesch Kannerbicher vum Auteur Dick Bruna, gestart ginn.