Sunday 29 September 2024
Font Size
   
Tuesday, 11 May 2010 00:00

Luxair Prozess gëtt erneiert verzögert

Elo sinn et schon 8 Joer hir, säit de Luxair Fokker erofgefall ass, mä et ass nach ëmmer net kloer, wien d'Verantwortung fir dat tragescht Ereegnis droe soll.

Et sti 7 Luxair Responsable viru Geriicht. Dem Radio 100,7 no huet den Affekot vum Pilot virun der Cour de Cassation Asproch géint d'Uklo ageluecht. Aus dëse Grënn soll den Ufank vum Prozess nach weider verzögert ginn.

Eréischt am Oktober gouf d'Uklo géint di 7 Responsable ageluecht. Et war laang onkloer bliwwen, op den eemolegen Direkter vun der ziviler fir

den Ongléck, an dem 20 Leit ëm d'Liewe komm sinn, sech viru Geriicht misst verantworten. De Prozess géint hien gouf awer gestoppt.

Duerch den Ofstuerz vum Fokker 50, deen aus Berlin ënnerwee war, si zu Lëtzebuerg 20 Leit ëm d'Liewe komm. De Fliger war beim Landen an e Feld zu geprallt.

Ënner den Doudeger waren 15 Däitscher, 5 Lëtzebuerger, an 2 Fransousen. 2 hunn iwwerlieft a loungen mat schwéiere Verletzungen am Spidol. Een vun hinnen war de Pilot, deen aus Lëtzebuerg gestaamt huet. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn