Monday 30 September 2024
Font Size
   
Wednesday, 11 August 2010 00:00

Manifestante blockéieren de Castor-Zuch

Et ass der Police eréischt Moies gelongen, d'Schinnen vun de Manifestanten deelweis ze befreien. D'Organisateure vum Protest accuséieren d'Police, ze vill haart reagéiert ze hunn.

D'AFP bericht, datt Honnerte vu Polizisten um 0.30 Auer ugefangen hunn, d'Schinnen Meter fir Meter, ewechzeraumen. Et si fir d'éischt Konflikt-Manager duerch d'Reie vun de Manifestante gaangen an hu se gefrot, d'Schinnen ze verloossen. Wien duerno nach sëtzebliwwen ass, ass eweggedroen, oder och eweggeschleeft, ginn.

D'Protest-Initiativ

"Widersetzen" huet d'Virgoe vun de Beamte schaarf kritiséiert. D'Police hätt d'Participanten net uerdnungsgemäss ewechgedroen, mä anstatt ewechgerappt.

Dogéint huet d'Police betount, datt d'Opraumaarbecht friddlech verlaf ass, an datt d'Participanten opgestane sinn, wann ee se gefrot huet.

Um Sonndeg ass et zu Konflikter tëscht der Police an den Demonstrante komm. Dobäi hunn d'Asatzkräfte misse Waasserkanounen, Schlagstöcke a Reizgas géint d'Aktivisten, déi bei Dannenberg ënnert de Schinnen d'Sténg ewechgegruewen hunn, benotzen.

Engem Police-Spriecher no sinn déi, déi d'Streck net verlooss hunn, festgeholl ginn. Se géifen esou laang festgehale ginn, bis den Zuch mat den 11 Castor-Container mat héich radioaktivem Offall laanschtgefuer ass. D'Informatioun, datt all Demonstrante festgehale ginn, wier falsch.

No der vollstänneger Opraumaarbecht muss d'Streck nach eng Kéier iwwerpréift ginn, well vun den Aktivisten deelweis Schinnenschotter ewechgeholl goufen.

Den Zuch transportéiert däitschen Atom-Offall aus der franzéischer Usine La Hague. D'Zil vum Transport ass d'Gare vun Dannenberg, deen eng 30 km vun Dahlenburg ewech läit. Do soll de Castor-Container op e Camion geluede ginn, an iwwer d'Strooss an d'Zwëschelager Gorleben bruecht ginn. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn