Monday 30 September 2024
Font Size
   
Wednesday, 11 August 2010 00:00

Enn vum Doktere-Streik gëtt Dënschdeg décidéiert

Virun 2 Wochen hunn d'Membere vun der AMMD (Association des médecins et médecins-dentistes) hir Aarbechtsstonne reduzéiert, fir géint d'Gesondheetsreform ze protestéieren.

AMMD Spriecher Jean Uhrig huet dem Tageblatt gesot datt se net géint eng Reform sinn well en efficacë System néideg ass.

Hien huet betount, datt d'Unioun eng Rei alternativ Reforme proposéiert huet, déi awer net vun der Regierung consideréiert goufen. 

Hie sot et géifen zum Beispill zu

Lëtzebuerg all Joer 60.000 Operatiounen zu Lëtzebuerg ausgeféiert ginn. 80 Prozent bräichte kee Bett am Spidol. De Präis vun engem Bett pro Nuecht ass 600 € an dëst gëtt vun der Gesondheetskeess iwwerholl. Esou sollen Patienten, déi kee Bett brauchen, Heem geschéckt ginn. Doduerch soll een d'Platzen am Spidol fir déi reservéieren, déi se am meeschte brauchen.

D'AMMD sot lescht Woch, datt de Streik weidergoe kéint, bis de Projet zeréckgezunn ass.

De leschten Doktere-Streik huet 6 Woche gedauert. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn