Monday 30 September 2024
Font Size
   
Saturday, 11 September 2010 00:00

Keen entkënnt der grousser Vollekszielung

De Statec huet gëschter d'Konditioune vun der Aktioun detailléiert. D'Awunner vu Lëtzebuerg sollen haaptsächlech wëssen datt déi, déi net matmaachen, riskéieren, eng Amende an enger Zomm vun 250 € bis 2.000 € ze kréien.

Et soll een also mat den Agente, déi op d'Diere klappe kommen, cooperéieren. Virum 1. Februar komme se, fir de Questionnaire auszedeelen, a nom 15. Februar komme si se sichen.

Tëscht den 2 Datumer kënnen d'Famille d'Formulairen ausfëllen.

De

Statec huet et och erméiglecht, mat enger LuxTrust Ënnerschreift de Formulaire um Internet auszefëllen. Mä wann een dëst Optioun wielt, dann huet ee just zéng Deeg, vum 1. bis den 10. Februar. No dësem Datum ass de Formulaire nach ëmmer um Internet ënner Pabeierform erofzelueden.

Duerch Froen iwwer d'Logementsconditioune sollen déi gesammelten Donnéeën dem Statec erlaben, en Tableau vun der Demografie vum Land a vun der sozio-ökonomescher Landschaft, ze maachen.

D'Gemenge partizipéieren aktiv an dëser Campagne, deen insgesamt 4 Milliounen Euro kaschte soll.

Et sinn nach benevole Agente gebraucht. An der Stad ginn zum Beispill 300 gesicht. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn