Den Herr Bausch huet erklärt, datt d'Austeritéitsmoossnamen, déi am Joer 2009 ageféiert goufen, zu engem verbesserten Defizit geféiert hunn. Dobäi sinn 30 Milliounen Euro fir d'Investissementer fräi ginn.
De Budget fir 2010 huet méi héich Revenuen generéiert, an huet en Defizit vun 14,9 Milliounen Euro anstatt vun deenen 63,4 Milliounen déi erwaart waren.
Et sinn insgesamt 149,2 Milliounen Euro fir de Budget 2011 fräigemaach ginn, verglach mam Budget vun 156,7 Milliounen Euro.
Den Herr Bausch sot: 'Deen nächste Conseil ierft eng gesond finanziell Situatioun.' Envoyer cet article par email
Authors: news352