Wednesday 02 October 2024
Font Size
   
Monday, 11 October 2010 00:00

Lëtzebuerger ginn am meeschten fir Chrëschtdagscadeauen aus

Eng Etude iwwer Chrëschtdag-Consommatioun vum Finanzgrupp Deloitte huet fonnt, datt d'Konsumenten ëm Chrëschtdag 2009 an der Moyenne pro Persoun 1150 Euro fir Cadeauen ausginn hunn.

Lëtzebuerg huet di éischt Plaz vun Irland iwwerholl, wou d'Awunner pro Persoun 1110 Euro ausginn hunn.

Russland huet mat 325 Euro pro Persoun am mannsten ausginn. Konsumenten a Groussbritannien hunn pro Persoun 600 Euro ausginn, Frankräich 650 Euro, Däitschland 485 Euro, an Holland 400 Euro.

D'Etude huet 18 europäesch Länner,

Russland a Südafrika analyséiert. Lëtzebuerg gouf an dëser Etude fir d'éischt mat abegraff.

Wéi et schéngt, goufe während Chrëschtdag 2009 Bicher zu Lëtzebuerg am meeschte geschenkt. 

An all de Länner ware Kosmetik-Produkten a Parfum am meeschte geschenkt ginn.

A Russland hunn d'Leit hir Chrëschtdagsbudgeten am beschte geplangt. Eng 69% hunn e Budget virum Akafe gemaach. D'Hollänner hunn hir Suen awer net esou gutt geréiert, wou just 23% vun den Awunner ee gemaach hunn.

D'Etude ass den zwieleften vun dëser Zort vun Deloitte a wëll den Impakt vun der finanzieller Krise op d'Consommatioun analyséieren. Et ass festgestallt ginn, datt d'Ausgaben am grousse ganzen wéinst finanziellen Ängscht gefall sinn an datt Spuermarken ëmmer méi beléift ginn. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn