D'Affer hat dem Professer Sadia seng Visitëkaart a senger Bréifkëscht fonnt an huet gemengt, den Astrolog kéint him mat e bëssen Zauber hëllefen, seng Ex-Frëndin zeréckzekréien. Den Astrolog, en 30 bis 35-järege schwaarze Mann deen ongeféier 178cm grouss ass an ëmmer schwaarz ugedoe war, huet doropshin e puer mol mam Affer verschidde Ritualen ausgeübt.
De Professer Sadia huet de Mann iwwerzeegt, hie misst eng zimlech grouss Zomm vu Suen a verschidde Containeren maachen an dann verstoppen. Nëmmen
esou kéint den Zauber funktionéieren. D'Containeren misst hien dann bei sech halen an eréischt no 1-2 Deeg opmaachen fir den Zauber wierken ze loossen.
D'Affer huet gëschter d'Containeren opgemaach fir erauszefannen, datt seng Suen net méi do waren.