Mat der Ausnahm vum Finanzsecteur war den Opschwong an dësem Joer an alle Beräicher, uschléissend d'Industrie an den Handel, festzestellen. Zemools am Bauberäich wär den Opschwong bemierkbar gewiescht.
D'Inflatioun ass dem Konjunkturbericht no opgrond vun der moderaten Entwécklung vun de Gehälter an de Präisser nëmme geréng gewuess. Allerdéngs huet Lëtzebuerg wéinst de Lounkäschten u Kompetitivitéit verluer.
Et ass och festgestallt ginn, datt d'Beschäftegung am Grand Duché däitlech zougeluecht huet (+1,8 Prozent fir 2010 an +1,5 Prozent fir 2011), awer ouni datt d'Aarbechtslosegkeet doduerch ausgeglach ginn ass. D'Aarbechtslosenzuel läit momentan bei 6,2 Prozent.
Wat déi ëffentlech Finanzen ugeet misst de Statec eng Korrektur vun -1,7 op 0,7 Prozent virhuelen. De Scholdelaascht soll sech deemno vun 1,6 Milliarden Euro op 900 Milliounen Euro erofgoen.
Envoyer cet article par emailAuthors: news352