Sunday 29 September 2024
Font Size
   
Tuesday, 12 January 2010 00:00

Interpol: Haftbefehl géint WikiLeaks-Grënner Assange

Géint de Grënner vun der ëmstriddener Internetplattform WikiLeaks ass een internationalen Haftbefehl erloosse ginn. Den Australier kritt a Schweden virgeworf, zwee Fraen vergewaltegt a sexuell belästegt ze hunn a gëtt dowéinster gesicht, sou d'Interpol um Dënschdegowend.

Den Assange gëllt ass d'Gesiicht vun WikiLeaks, deen um Sonndeg iwwer 250.000 deelweis brisant a geheim US-Dokumenter verëffentlecht huet. Ee Geriichtshaff zu Stockholm huet viru kuerzem en Haftbefehl géint den 39-Järegen ausgestallt. D'Marianne Ny,

responsabel fir d'Enquête beim schwedesche Parquet, huet den Antrag domadder begrënnt, datt den Assange zu de Virwërf befrot ginn muss.

Den Australier huet d'Virwërf scho bestridden an huet vun enger Schmutzcampagne géint hien a WikiLeaks geschwat. Kuerz virun der Ukënnegung vum internationalen Haftbefehl duerch Interpol huet säin Affekot a Schweden ee Berufungsgericht ugeruff an d'Ophiewen vum schwedeschen Haftbefehl ugefrot.

Beim internationalen Haftbefehl ginn all 188 Interpol-Staaten gefuerdert, den Haftbefehl auszeféieren, wann de Gesichten bei hinnen am Land ass.

Allerdéngs weess kee sou richteg, wou den Assange sech befënnt. Hien ass säit längerem ënnergedaucht, mä um Dënschdeg huet hien dem US-Magazin 'Time' en Interview ginn, an deem hien d'US-Ausseministerin Hillary Clinton zum Récktrëtt opfuerdert, am Fall wou si US-Diplomaten am Ausland zu Spionage ugestëft huet. Dësen Interview huet den Australier iwwer Skype vun enger onbekannter Plaz aus ginn.

Virun der WikiLeaks-Verëffentlechung um Sonndeg ass den Assange schon duerch d'Publikatioun vun zéngdausende vu Geheimdokumenter zu den US-Asätz am Afghanistan an am Irak weltbekannt ginn. Hien hat méifach de Verdacht geäussert, datt d'Geheimdéngschter mat alle Mëttele säi Ruff beschiedegen an hien zum Fall brénge wëllen.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn