“Ma och dëse Vote war unanime. Ech lancéieren dann och elo den Appel un d'UEL, dass si hir extrem negativ Positioun opginn an zu engem Sozialdialog zeréckfannen”, heescht et weider beim OGBL, déi domat dem Premier Jean-Claude Juncker hiert vollt Vertrauen zum ënnerschriwwenen Accord ausschwätzen.
MA et gëtt awer och nach en anert Thema, dat beim OGBL net sou séier vum Dësch ass. Speziell geet et hei nach ëmmer ëm d'Frontalieren. “Mir hunn eis an engem Schreiwes un eis Nopesch-Memberen geriicht, dass si eng Demande fir eng Bourse d'aide fir Studenten un d'lëtzebuerger Regierung sollen areechen. Nëmmen am Fall, dass si doropshin e Refus kréien, kënne mir als Gewerkschaft op juristeschem Niveau eppes ënnerhuelen”, sou d'Schlusswierder vum Jean-Claude Reding.
Envoyer cet article par email
Authors: news352