“Et muss e neie Kabel vun der P&T gezu ginn an dat hëlt déi komplett Breet vun der Strooss an. Et ass deemno onméiglech, och weiderhin nëmmen op enger Spur ze schaffen an de Verkéier fléissen ze loossen”, sou d'Erklärung vum Buergermeeschter, deen dovun ausgeet, dass d'Verkéierssituatioun net einfach wäert ginn.
Eng weider Konsequenz huet dëst awer och op d'Buszirkulatioun. D'Linn 14 an CN1 vum City Night Bus musse wéinst der Spärung ëmgeleet ginn an d'Haltestell an der Rue de Neudorf bleift zou. Weider Informatiounen zum Thema Chantier a Clausen ginn et och op www.autobus.lu Envoyer cet article par email
Authors: news352