Sunday 29 September 2024
Font Size
   
Friday, 12 March 2010 00:00

Immobiliepräisser ginn an d'Luucht

Am drëtte Semester 2010 huet de Lëtzebuerger Immobiliemaart e liichte Réckgang am Verglach zum Trimester virdrun. Besonnesch beim Kaf vun den Appartementer ass e Réckgang vun 8 Prozent festgestallt ginn.

Dëse Réckgang, deen aus dem trimesteriellem Bilan ze liesen ass, weist virun allem de saisonalen Effekt: Am Summer ginn normalerweis manner Immobilien verkaf.

Gläichzäiteg gëtt eng Hausse vun de Verkafspräisser pro Quadratmeter bei

Appartementer vun 3 Prozent festgestallt. Dorausser follegt, datt d'Präisser, déi vun Enn 2008 bis Enn 2009 zeréckgaange sinn, an dësem Joer bei alen Appartementer ëm 6 Prozent, a bei neien esouguer ëm 11 Prozent, an d'Luucht gaange sinn.


Bei de Loyeren konnten am drëtten Trimester e liichte Réckgang vun 1,1 Prozent registréiert ginn.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn