Sunday 29 September 2024
Font Size
   
Friday, 12 March 2010 00:00

Déidlechen Trakteraccident am Wäibierg

Ee 46-järege Wënzer aus Nidderdonven huet sech um Donneschdegmëtten mat sengem Trakter um Hiddebierg bei Machtum iwwerschloen.

Wéi d'Police matgedeelt huet, ass den Trakterfuerer op engem veräiste Wee an d'Rutsche komm an ass mam Trakter op eng Kant gestouss. Dobäi huet sech den Trakter méimols iwwerschloen. De Chauffer gouf dobäi aus dem Vehikel geschleidert a schliisslech dovunner iwwerrullt. De 46-järege Mann ass un den déidleche Blessure gestuerwen.


En Zeien huet de schwéieren Onfall aus Nittel op der däitscher Säit gesinn an huet géint 14.20 d'Police verstännegt.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn