Lëtzebuerg huet bis elo géint Bosnien-Herzegowina an Albanien verluer a konnt mat engem 0:0 géint Wäissrussland, ebe grad géint déi Équipe feieren, déi Frankräich an der Aachtelsfinale béiss iwwerrascht haten. An awer hunn d'Fransousen eendeiteg en Heemvirdeel a sinn och soss kloere Favorit.
Am direkte Verglach ass et net schwéier Frankräich als Gewënner-Équipe auszemaachen. Bei insgesamt 14 Matcher huet d'Équipe tricolore direkt 13 mol géint Lëtzebuerg gewonnen. Nëmmen eemol sollt et de Lëtzebuerger geléngen, d'Iwwerhand ze halen an zwar am Frëndschaftsmatch vun 1914. Envoyer cet article par email
Authors: news352