Wéi d'Police matgedeelt huet, hu si géint 16.20 Auer en Automobilist an der Rue de l'Indépendance zu Beetebuerg gestoppt. Nodeems hien no de Personalie gefrot ginn ass, konnt de Mann awer just eng Immatrikulatiounskaart virweisen. Et huet sech donieft och erausgestallt, dass sämtlech Autospabeieren net méi gülteg waren.
D'Police huet de Mann dowéinst och e bësse méi genee ënnert Lupp geholl. Et sollt sech erausstellen, dass de Mann op de Policebüro convocéiert gi war, dësem Ordre awer net nogaang
ass. De Mann huet keen Auswee méi gewosst an ass kuerzerhand geflücht. Hien huet sech ze Fouss a Richtung Rue Michel Heck duerch d'Bascht gemaach. Eng Fahndung nom Flüchtegen ass direkt ageleet ginn.
Eng Policepatrull konnt de Mann schlussendlech an der Rue Michel Lentz zu Beetebuerg stellen. Am Asaz waren de CP Beetebuerg, sou wéi den CI Diddeleng.
Envoyer cet article par email