Sunday 29 September 2024
Font Size
   
Saturday, 12 June 2010 00:00

International Motor Show 2010: Onëmgänglech fir Auto- a Moto-Fans

Den International Motor Show Luxembourg (IMS) op der LuxExpo wäert iwwer 3 Deeg 30.000 Visiteuren unzéien. Um Freideg den 10., Samschdeg den 11. a Sonndeg den 12. fënnt déi 2010 Editioun vun der IMS statt, a wäert sécherlech fir richteg Ënnerhalung suergen.

Formule 1 Fans wäerten sech freeën: Den Auto vum F1 Weltchampion Sebastian Vettel wäert do sinn, de Renault R30 F1 vum Robert Kubica. Dëst ass vum Total a vu Renault Lëtzebuerg

méiglech gemaach ginn, laangzäiteg IMS-Partneren. Wat de 60. Gebuertsdag vun der F1 ubelaangt, déi ginn richteg gefeiert, mat enger 20 Monoplacen déi di 60 Joer vum Rennsport illustréieren. Dorënner hu verschiddener natierlech den Titel vum Weltchampion kritt.

D'Amateuren vum Motoradsport wäerten sech och freeë kënnen: Eng Ausstellung, déi un d'Geschicht vun den 250cc an de Weltchampionnaten gewidmet ass, kënnt dobäi. Ee representative Grupp vun exzeptionnelle Maschine vun de Joren 1949 bis Present wäerten ze gesinn sinn. De Parcours vum Team Alstare am Welt-Superbike gëtt och presentéiert.

D'Equipe vu Pole Position, d'Organisateure vum Evenement, annoncéieren d'Präsenz vum Citroën C4 WRC vum 7-fache Weltchampion Sébastien Loeb. Dobäi kommen nach de bekannte Peugeot 207 S2000, Audi R8 LMS GT3, Aston Martin DBRS9 GT3,...

Den International Motor Show ass natierlech och eng prestigiéis Renconter. Fir dëst Editioun 2010 ass d'Präsenz vum Walter Röhrl, 2-fache Rallye-Weltchampion assuréiert. Verschidden Autoen, déi seng Carrière markéiert hunn, wäerten och dobäi sinn: De monstruéisen Audi Quattro S1 ënner anerem. Den däitsche Champion wäert och Demonstratiounen an der LuxExpo an engem Porsche, d'Mark vun deem hien Ambassadeur ass, virféieren.

De Live Motor Show wäert den Drift an de SuperMoto assuréieren. An deenen zwee Fäll si weltbekannt Staren z'erwaarden, mat der exzeptioneller Präsenz vum Amerikaner Vaughn Gittin Jr mat sengem Ford Mustang RTR mat de Faarwe vu Monster Energy, eng richteg Referenz am Drift. Op zwee Rieder gëtt et den Eddy Seel an de Gérald Delepine, Championen am SuperMoto, a richtege Coursen ze bewonneren.

Déi, déi Loscht matzemaachen hunn, kënne sech op den Toyota Prius IMS Kart Challenge freeën. Op engem spektakuläre Parcours mat laangen Dreiwstrecken sinn déi elektronesch Karten erëm do, natierlech ouni Geräisch an ouni Damp.

Dobäi kommen d'Klassiker fir vun de Contrainte vun de modernen Zäiten z'entkommen. D'Amateuren vum Genre wäerte frou sinn, datt de Classic Car Show 2010 dëst Joer nach méi imposant gëtt, mat enger super Alfa Romeo Sammlung, fir de Centenaire vun der milanesescher Mark ze markéieren.

Wat den Top Tuning Show ugeet, dee bleift ee vun de Referenzen am Häerze vun Europa. D'Autoe ginn op Invitatioun presentéiert an d'Organisateuren proposéieren dee Beschte vum Joer, natierlech mat deene leschten Tendenzen a mat héije Faarwen, Dezibel a Showen.

Mat esou engem Programm mécht sech den International Motor Show Luxembourg 2010 prett, fir iwwer déi Deeg vum 10, 11 an 12 Dezember, en onëmgänglechen a prestigiéisen Evenement ze presentéieren.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn