Sunday 29 September 2024
Font Size
   
Saturday, 12 June 2010 00:00

2000 Concorde Accident: Continental Airlines a Mechaniker responsabel gehalen

De Mechaniker war déi eenzeg Persoun, déi am Prozess zu Paräis responsabel gehale ginn ass. Säi fréiere Responsablen, de Stanley Ford, an dräi franséisch Offizieller goufen acquittéiert. Den Henri Perrier, Jacques Herubel an de Claude Frantzen ware fir den Design, d'Iwwerpréifung a fir d'Zertifikatioun vum Concorde responsabel gewiescht.

Den Air France Concorde ass um 25. Juli 2000 während dem Depart an en Hotel gerannt an ass direkt a Flamen opgaangen. E

Continental Airlines Fluch, dee kuerz virdrun fortgeflunn ass, huet eng Roll am Accident gespillt. E Stéck Titanium war vum Continental DC-10 Fliger erofgefall. D'Enquêteuren soen, datt d'Stéck net richteg installéiert war. Dëst huet d'Accusatioune géint Continental Airlines, de Mechaniker John Taylor a säi Responsable Stanley Ford lancéiert.

Wéinst deem Stéck Metall ass den Air France Fluch 4590 erofgefall. E Pneu ass beim Depart um Metallstéck hänkebliwwen an ass explodéiert. Stécker vum Pneu sinn an e Flillek geflunn an hunn zum Accident geleet, deen 113 Leit ëmbruecht huet.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn