Sunday 29 September 2024
Font Size
   
Monday, 12 July 2010 00:00

Juncker kritiséiert 'Bankrun' Opruff vum Cantona

Och hie géif géigeniwwer dem Finanzsektor gemëscht Gefiller hunn, mä déi vum Cantona gestart Aktioun wier 'vollkommen onverantwortlech', sou de Juncker um Méindegowend zu Bréissel. De fréiere franséische Nationalspiller dierft net Mënschen zu Feeler leeden, déi net déi nämlecht finanziell Ressourcen wéi hien hunn.

De Cantona huet lescht Woch zu engem europawäite Protest géint de 'korrupte

Finanzsystem' opgeruff, an deem Bankclienten an enger Kéier all hir Suen vun hire Kontoen ophiewe sollen. 'Am Plaz op d'Strooss ze goen, Kilometer ëm Kilometer, gees du einfach op d'Bank an dengem Duerf an du hiefs deng Suen op', huet de fréiere Manchester United Spiller gefuerdert.

Och den EU-Währungskommissär Olli Rehn huet d'Aktioun vum Cantona kritiséiert, deen och als 'Enfant terrible' bekannt ass. Hie wier Manchester-Fan a mengt, de Cantona wier e bessere Fussballspiller wéi Wirtschaftsexperte.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn