Sunday 29 September 2024
Font Size
   
Monday, 12 July 2010 00:00

Pisa-Etude: Lëtzebuerg op 38. Plaz vu 65

Den internationale Verglach vun der Pisa-Etude verschount keen a weist, datt eis 15-järeg Schüler an de Beräicher Liesen, Mathé an Naturwëssenschaften zimlech schlecht ofschneiden.

D'Resultater goufen haut de Moien virgestallt: Lëtzebuerg ass op Plaz 38. vu 65 gelant.

4.600 Schüler aus Lëtzebuerg hunn am Joer 2009 an der Etude matgemaach. A bal allen Disziplinnen stinn d'Lëtzebuerger

Schüler méi schlecht wéi hir europäesch Noperen.

Am Liesen kommen d'Lëtzebuerger op Plaz 29. Nëmmen Eisträich, Turkei, Chile a Mexiko si schlechter. Och an den Naturwëssenschaften ass Lëtzebuerg op Plaz 29 a läit domadder hannert Spuenien, Italien, Griichenland, Türkei a Mexiko.

Allgemeng hu Korea a Finnland déi bescht Resultater gehat. Duerno follegen Hong Kong, Singapur, Kanada, Neiséiland a Japan.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn