Monday 30 September 2024
Font Size
   
Sunday, 12 September 2010 00:00

Schnéichaos geet weider

Obwuel haut e schoulfräien Dag ass, sinn der immens vill mam Educatiounsministere generft, well eréischt no 6.30 um Donneschdegmueren décidéiert gouf, d'Schoulen zouzehalen. Op ville Plazen hunn d'Schüler awer op de Schoulbus gewaart well d'Neiegkeet ze spéit bei den Elteren ukomm ass.

Och vill Coursen vum Institut de Langues falen wéinst dem schlechte Wieder aus.

Um Findel wäerten all Flich, ausser zwee (Amsterdam a London) starte kënnen. Allerdéngs si

Verspéidungen z'erwaarden. Am ëffentlechen Transport si bei de Busser och Verspéidunge virgesinn.

Déi meescht Autobunne ginn nach ëmmer am Schnéi ënner. Ronderëm d'Stad staut et tëscht dem Bridel an dem Gaasperecher Kräiz op 9 Kilometer. A Richtung Frankräich geet tëscht dem Gaasperecher Kräiz a Beetebuerg guer näischt méi.

Vill Niewestroossen sinn iwwerhaapt net geraumt. Iwwerall stinn Autoen op der Stroossesäiten, déi vu frustréierten Autofuerer stoe gelooss goufen oder am Schnéi hänkebliwwe sinn. Op vill Plazen sti Camionen queesch duerch d'Strooss oder blockéieren de Verkéier. D'Autobunn Lëtzebuerg-Frankräich ass nach ëmmer ganz gespaart. Fir aktuell Infoen zu dësem Thema www.cita.lu

De Beruffsverkéier huet um Mëttwochowend ville Leit hir Nerve kascht. Et war zu 40 Verkéiersaccidenter innerhalb vu 6 Stonne komm. Virun allem am Mëllerdall si vill Beem ënner dem Schnéigewiicht zesummegebrach an op d'Stroosse gefall. Doropshin huet d'Police entscheet, vill Bësch-Stroossen ze spären.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn