Saturday 28 September 2024
Font Size
   
Thursday, 01 January 1970 02:00

Holland: Babysitter wéinst 50 Fäll vu sexuellem Kannermëssbrauch beschëllegt

Um Sonndeg sinn iwwer 50 Elteren informéiert ginn, datt e 27-järege Mann hir Kanner (vun 0 bis 4 Joer al) wahrscheinlech sexuell agresséiert huet. Der Zeitung De Telegraaf no, heescht de Mann Robert M. an ass um Dënschdeg festgeholl ginn.

D'Verhaftung ass geschitt, nodeems déi amerikanesch Police e Bild vun engem vun den Afferen diffuséiert hunn. Dëst ass am Bezuch zu enger amerikanescher Enquête vun engem Kannerpornografie-Netzwierk geschitt,

sou den hollännesche Police-Chef Herman Bolhaar. Déi amerikanesch Autoritéiten hunn d'Hollänner informéiert, well si der Meenung waren, datt d'Biller an Holland gemaach goufen.

D'Elteren vum Affer hunn hiert Kand op engem Televisiounsbild erkannt an hunn d'Police direkt kontaktéiert. De Robert M. ass um selwechten Dag festgeholl ginn. D'Computeren vum Mann, déi Kannerpornografie enthalen hunn, si saiséiert ginn. Hien huet zënterhier eng zéng sexuell Verbriecher, déi am Laf vun deene leschten 18 Méint solle geschitt sinn, zouginn.

De Robert M. huet fir zwee Crèchen zu Amsterdam tëscht Februar 2007 a Januar 2010 geschafft. Den hollänneschen Autoritéiten no, huet hie seng Zerwisser als Babysitter säit Mäerz 2009 um Internet ugebueden.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn