Monday 01 July 2024
Font Size
   
Thursday, 01 January 1970 02:00

Griichenland: Generalstreik paralyséiert Haaptstad

De griichesche Loftraum ass wéinst de Licenciementer zougemaach ginn. D'Busser, Tram an d'Métroen sinn all ausgefall. Et hu sech riiseg Stauen an der Metropol opgebaut. Och d'Zich a Schëffer falen haut aus.

An de Schoulen, Spideeler, Geriichtshäff, Banken an ëffentlechen Entreprisen, déi ënner anerem och fir d'Elektrizitéit an d'Post zoustänneg sinn, gëtt och gestreikt.

Esouguer

d'Journalisten vu Griichenland maachen am 24-Stonne-Protest mat. Doduerch sinn et keng Noriichte ginn.

Haut ass den 3. Streik-Dag a Griichenland. Um Méindeg an um Dënschdeg ass awer just a verschiddene Beräicher gestreikt ginn. De Protest riicht sech un de Spuerplang vun der schwéier verscholdeter griichescher Regierung, déi d'Europäesch Unioun an den Internationale Währungsfong (IWF) am Echange fir d'Milliardenhëllef fuerderen.

Och an aneren europäesche Länner wëllen d'Uniounen géint déi geplangten Austeritéitsmoossname protestéieren. Den Europäesche Gewerkschaftsbond (ETUC) wëll zu Bréissel eng Mënschekette ronderëm d'Gebai vun der EU-Kommissioun maachen. Och a Spuenien, Frankräich, Dänemark a Tschechien si Protester virgesinn.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn