Monday 01 July 2024
Font Size
   
Thursday, 01 January 1970 02:00

Florida: Bewaffnete Mann attackéiert Schoulsëtzung (+Video)

Bemierkbar ass, datt de ganze Virfall op Video gefilmt gouf. D'Autoritéite soen, datt si d'Sëtzungen regelméisseg filmen.

De Bill Husfelt, Direkter vum Schoulcomité vu Panama City, Florida, huet gesot, datt e bewaffnete Mann ganz roueg an de Sall komm ass. Hien huet e roude 'V' an engem Krees op d'Mauer gemoolt, an dann huet hie seng Waff gehuewen.

De Mann huet iwwer Steieren an de Klassekampf geschwat. Hien huet

virun allem betount, datt seng Fra seng Aarbecht am Schoul-Distrikt verluer huet. Den Husfelt huet erklärt, datt hie probéiert huet, mam Mann ze negociéieren.

Doropshin weist de Video wéi den Duke méimools op d'Comitésmemberen, déi just e puer Meter ewech sëtzen, schéisst. Glécklecherweis ass kee blesséiert ginn. Schlussendlech huet e Sécherheetsdéngschter op den Duke geschoss an huet hie blesséiert. Den Täter huet sech doropshin d'Liewe geholl.

De Video weist och en dramatesche Moment, an deem d'Comitésmemberin Ginger Littleton probéiert, d'Heldin ze spillen. Si schläicht sech vun hannen eran a schléit dem Duke mat hirer Poche op de Kapp. Dëst hat offensichtlech keen Effet, well de Mann sech direkt ëmdréit a si op de Buedem geheit. Hien huet seng Waff op d'Fra geriicht, mä hien huet net op si geschoss.

'Ech war blöd gewiescht', sot d'Ginger Littleton spéider zum Sender NBC.

Foto: Clay A. Duke, Florida Department of Corrections

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn