Monday 01 July 2024
Font Size
   
Thursday, 01 January 1970 02:00

D'Police gëtt Conseilen fir den nächste Verkéierschaos besser z'iwwerstoen

  • Virun allem just den Auto huelen, wann et wirklech néideg ass

  • Net ouni Wanterpneue fueren

  • Sech gutt Zäit loossen

  • Sech vergewësseren, datt den Tank virum Depart voll ass

  • Sech och vergewësseren, datt genuch

Fënster-Botzmëttel am Auto ass

All d'Fënsteren vun Äis a Schnéi ganz fräimaachen

Waasser, Iessen, an eng Decken mathuelen am Fall wou ee laang am Stau sëtze kéint

Loosst d'Camionen aus Sécherheet laanscht

Loosst e Wee op der Autobunn tëscht deenen zwee Spuere fräi. Am Fall vu Stëllstand sech direkt op déi lénks oder riets Säit stellen. Esou kënnen zum Beispill d'Noutdéngschter duerchkommen.

Camione solle just déi riets Spuer a schlechte Verkéierskonditioune benotzen

Den 112 oder 113 net zwecklos iwwerlaaschten. Bei externem, materiellem Auto-Schued kann d'Police näischt maachen

Evitéieren, den Auto op der Stroossesäit ze loossen, oder op Plazen wou en hënnere kéint

Lauschtert d'Verkéiersinformatiounen um Radio. Déi meescht Radiostatiounen kréien d'Informatiounen vum 'Centre d'Intervention National de la Police'

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn