Monday 01 July 2024
Font Size
   
Thursday, 01 January 1970 02:00

Update zum Schnéiverkéier

Hei e klengen Update zu den Entwécklungen am Bezuch zum Verkéier an zum ugekënnegte schwéiere Schnéifall.

Fir Changementer un de Bus-Horairen ze suivéieren, www.vdl.lu consultéieren,

Autosfuerer gi conseilléiert, d'Stroossen entlaang der Musel z'evitéieren.

D'Luxair huet gewarnt, datt et wahrscheinlech Annulatiounen oder Délaien zu de Vole wäert ginn. D'Passagéiere sollen de Status vun

hirem Fluch bei www.luxair.lu nokucken, ier si vun doheem fortfueren. Wann e Fluch soll annuléiert ginn, net op de Fluchhafe kommen, mä der Luxair uruffen.

D'Camionen si verbueden, op der A3 an A6 ze fueren. D'Streck vun der E411, déi Lëtzebuerg mat der Belsch verbënnt, ass och fir all Camionen zou.

De 'Lycée technique pour professions de santé' huet all d'Coursen fir en Donneschdegmëtten a fir e Freideg annuléiert.

Den ACL huet den éischte Schnéifall a Glaatäis am Norde vum Land annoncéiert.

D'Stroossekonditioune wäerte sech natierlech net verbesseren. All Autosfuerer gi gebueden, sécher ze fueren an de Conseile vun der Police ze follegen.

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn