Saturday 21 September 2024
Font Size
   
Friday, 09 July 2010 00:00

Déidlech Déiereseuch bei Päerd ausgebrach

De Landrot huet am Hibléck op déi geféierlech Déiereseuch e Spärgebitt fir d'Gemeng Ahntal verhaang. Päerd an Ieselen dierfen an dësem Beräich net an- oder ausgefouert ginn. Bis ewell si sämtlech Déieren am Spärgebitt serologesch ënnersicht ginn an d'Veterinäramt muss elo d'Blutt vu ronn 200 Päerd op insgesamt 23 Häff kontrolléieren.

Dat krankt Päerd staamt aus engem Stall mat 19 Päerd, weider 21 Déiere sinn op enger Weed ënnerbruecht gewiescht. D'Päerd

gehéiert zu enger Liwwerung aus Rumänien, déi an de Landkrees Fulda bruecht gi waren a vun d aus weiderverkaf gi waren. Et muss deemno och nach wéinst illegalem Handel ermëttelt ginn.

Mëttlerweil huet, zum Schrecke vu ville Päerdbesëtzer d'Krankheet scho verbreet. An aneren hessesche Landkreeser, Kassle a Marburg-Biedenkopf, si Fäll vun der Viruserkrankung opgetrueden. Sämtlech krank Déiere sinn direkt ageschléifert ginn, et gëtt nämlech keng Therapie fir de Krankheetsverlaf. Iwwerdroe gëtt “d'Equine Infektiöse Anämie” duerch Insekten, déi Blutt saugen.

Krank ginn, kënne Päerd, Ieselen, Mauldéieren an Zebraen, Mënsche si vun der Krankheet awer net a Gefor. D'Veterinärsamt huet fir sämtlech Propriétairen eng Hotline ageriicht, déi Méindes bis Freides vun 9.00 bis 16.00 Auer ze erreechen ass 0049 5692 / 987-33020. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn