Saturday 21 September 2024
Font Size
   
Friday, 09 July 2010 00:00

Masseprotest a Frankräich

Pënktlech zum Ufank vun de Parlamentsdebatten iwwert d'Rentereform hunn d'Gewerkschaften a Frankräich landeswäit Streiken organiséiert. Am Groussraum Paräis sinn en Dënschden immens vill Pendlerzich ausgefall.An och d'Beschäftegter bei der Bunn, am ëffentlechen Déngscht, an den ëffentlech-rechtleche Medien, sou wéi an der Industrie a Banken, sinn d'Aarbechten niddergeluegt ginn.

Grond ass déi éischt Liesung vum Gesetz am Parlament. Am Oktober soll nämlech déi nei Rentereform

accordéiert ginn.

D'Protester riichte sech géint d'Unhiewe vum Rentenalter, vun 60 op 62 Joer. Et ass eng vun de wichtegste Reformen vum Staatschef Sarkozy. Hien wëll e Kollaps vum Rentesystem verhënneren an den Haushaltsdefizit an de Grëff kréien. Allerdéngs wäerte vill Fransousen sou hirn Extrauspréch op d'Rente verléieren.

D'Gewerkschafte fannen dem Sarkozy seng Rentepläng als net sozial. D'Halschent vun den Defiziter an der Rentekeess wier duerch d'Suitë vun der Kris entstan. Et wier net richteg, dass d'Leit alleng dës Suiten droe missten, sou d'Erklärung zum Widderstand.

Un de vergaangenen Protestdeeg am Juni hate sech de Gewerkschafte no, méi wéi zwou Millioune Mënsche bedeeleg. Dës Zuel wëlle si elo iwwertreffen. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Tuesday, 30 November 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn