Mardi 24 Septembre 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Mexiko: Dosende vun Doudeger bei Explosioun vun enger Pipeline

Dorënner sinn och vill Kanner. Dosende vun Haiser an Autoen sinn am Staddeel vu San Martin Texmelucán vollkommen ausgebrannt. Den erausschéissende Pëtrol huet d'Stroossen vun der Stad a 'Flëss vu Feier' verwandelt.

D'Regierung mengt, datt Treibstoff-Déiwen fir den Ongléck verantwortlech sinn. D'Wunngebitt ass an engem Radius vun 3 Kilometer zerstéiert. Den Angaben no sinn ënner den Doudeger 12 Kanner a Jugendlecher. D'Zuel vun den

Afferen géif allerdéngs weider eropgoen. Honnerte vu Mënschen sinn a Sécherheet bruecht ginn.

Den Awunner no zapen kriminell Banden an der Regioun ëmmer erëm Pipelines un, fir de Pëtrol u Camionschaufferen ze verkafen. D'Autoritéite soen, datt sech de Pëtroldéifstall an deene vergaangene Jore vervillfacht huet. De jäerleche Verloscht läit bei 800 Milliounen Dollar.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn