Mardi 24 Septembre 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Opgepasst: Geféierleche Glatäis iwwerall

D'Vitesselimitatioun op den Autobunnen gouf op 50km/h drastesch erofgesat.

Gëschter Owend sinn di spigelglat Stroosse déidlech ginn. An engem schlëmmen Accident op der Areler A6 géint 02.30 Auer Moies, an deem 5 Gefierer verwéckelt waren, sinn zwee Persounen ëm d'Liewe komm. Eng Kollisioun tëscht zwee Autoen hat sech op der Fuerbunn produzéiert. E Camion konnt net rechtzäiteg halen an ass an di zwee Autoe gerannt. Doropshin ass en drëtten

Auto an de Camion gerannt. Dobäi ass nach e véierten Auto an den drëtten Auto gerannt.

Am drëtten Auto souz eng Famill. De Papp, dee gefuer ass, ass op der Plaz gestuerwen. D'Mamm, d'Bäifuererin, ass spéider am Spidol un hire schwéiere Blessuren ëm d'Liewe komm. Hire 10-järege Jong, deen hanne souz, huet den Ongléck ouni Blessuren iwwerlieft.

D'A6 op der Héischt vu Stengefort a Richtung Belsch war wéinst dem Accident an der Nuecht gespaart ginn. D'Streck ass eréischt viru kuerzem erëm opgaangen. Et stinn allerdéngs lauter Camionen op der A6 an der Pannespuer well d'Zirkulatioun den Ament fir si an der Belsch zou ass.

De Glatäis huet och zu villen aneren Accidenter geféiert. Den Angaben no sinn dorënner etlech Autoen op den Autobunnen vun der Spuer erofkomm an an d'Leitplanke gerannt. De Moien ass et um Findel zu enger Kollisioun tëscht engem Auto an engem Bus komm.

Also, oppassen! Oder einfach doheem bleiwen.

Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn