Jeudi 04 Juillet 2024
taille du texte
   
Jeudi, 01 Janvier 1970 02:00

Geldwäsch: 2 Joer Prisong gefrot


E bekannte Lëtzebuerger Affekot gëtt beschëllegt bei der Waïsswäsch vu bal 4 Milliounen US Dollar gehollef ze hunn.

Zwee Joer Prisong op Sursis an eng Geldstrof sin um Donneschdenowend um Geriicht géint den Affekot gefrot ginn. Hie kritt virgeworf der Ex-Fra vun engem amerikaneschen Drogendealer bei der Waïsswäsch vu bal 4 Milliounen US Dollar gehollef ze hunn. Hie seet, et wäer him awer net bewosst gewiecht, dass d'Suen aus fragwürdege Quellen gestamt hunn.

5 Virementen, dei an de Joren 1996 an 1997

iwwert de Kont vum Affekot gelaf sin, ginn a Fro gestalt. D'Geld ass aus der Schwäiz op Lëtzebuerg iwwerwise ginn, a vun do aus an Irland an a Liechtenstein gaangen. Hien haat geméngt d'Suen wieren aus enger Ierfschaft vun der Ex-Fra vum Drogendealer, seet den Affekot. De Vertrieder vum Parquet, de Procureur d'Etat Jean-Paul Frising, behaapt allerdéngs, dass dofir kee Beweis ass. Den Affekot wier am Joer 1996 vum amerikaneschen Drogendealer kontaktéiert ginn an hätt séng Motivatiounen net genuch hannerfrot.

Um 15. November gëtt d'Uerteel an dëser Gerichtsverhandlung prononcéiert. Envoyer cet article par email

Authors: news352

klickt hei fir mei ze wëssen

Last modified on Mardi, 30 Novembre 1999 01:00
French (Fr)English (United Kingdom)

Parmi nos clients

mobileporn