Am Zesummenhang mam Verkéiersongléck dee sech um 3. Januar 2011 géint 20.30 Auer op der Streck tëscht Bettenduerf a Méischtref bei der Sortie Méischtref produzéiert huet, sicht d'Dikrecher Police no Persounen, déi Informatiounen am Bezuch zum Virfall hunn.
Eng 26-järeg Fra war op der Strooss zu Fouss ënnerwee. Eng Autosfuererin ass op d'N19 vun der Uertschaft Méischtref a Richtung Bettenduerf erausgefuer. Beim Verloossen vun
der Uertschaft huet si d'Foussgängerin frontal ugestouss, déi doropshin op d'Géigespuer geschleidert gouf. Si ass bewegungslos leiebliwwen.
All Informatioun ass fir d'Police vun Dikrech, Tel. 4997-8500