D'Police vu Gréiwemaacher freet no Mathëllef aus der Bevëlkerung an der Sich nom Marcelle Steinmetz/Jungers, 78 Joer al, aus Ohn, wat fir d'lescht um Donneschdeg géint 19.00 Auer gesi gouf.
Obwuel d'Fra méi al ass, ass si net verwirrt a kann nach gutt goen, sou d'Police. Si huet kuerz, däischter a gekrauselt Hoer an dréit eng Brëll. Si hat e mauve Schiertech un a kéint eng Poche bei sech droen.
<p class="western" style="margin-bottom:
0cm;">Et kann gutt méiglech sinn, datt si um Freidegmueren de Linnebus zu Ohn geholl huet.